Real Madrid a Borussia Dortmund treffen an der Véierelsfinall openeen

© AFP
Juventus Turin verléiert 0:1 géint Real Madrid a Borussia Dortmund klappt den FC Monterrey mat 2:1.
Dank enger staarker zweeter Hallschent konnt sech Real Madrid 1:0 géint Juventus Turin duerchsetzen. Allerdéngs hunn d'Italieener déi éischt Hallschent kloer dominéiert. Schonn an der 7. Minutt hat de Kolo Muani déi éischt grouss Chance vun der Partie, huet de Ball schlussendlech awer op d'Netz geschoss. Op der anerer Säit hat de Fede Valverde an der Minutt 9 e Schoss aus der Distanz probéiert.
Weider goung et mat enger Rei Versich op béide Säiten, déi allerdéngs ëmmer nees ofgewiert konnte ginn. No engem gescheiterte Schoss vum Jude Bellingham an der 30. Minutt konnten d'Spuenier d'Italieener awer ëmmer méi no hannen drängen. Trotzdeem huet Madrid dominéiert, ouni richteg geféierlech ze ginn. Bescht Chance op e Gol hat de Fede Valverde kuerz virun der Paus (45.+1). Ma och dësen Distanzschoss op de rietsen Eck konnt den Di Gregorio ofwieren.
Nom Säitewiessel hunn d'Spuenier zwee Gäng eropgeschalt, wärend d'Spiller vu Juventus nach méi onkonzentréiert waren. No dräi weidere Versich vu Madrid huet de Fran García schlussendlech an der 54. Minutt mat engem Käpper den entscheedende Gol fir Madrid geschoss.

De Kylian Mbappé konnt no senger Blessur nees spillen. / © AFP
BVB klappt Monterrey mat 2:1
Obwuel béid Ekippe quasi gläich op gespillt hunn, war et um Enn awer Borussia Dortmund, dee sech géint den CF Monterrey am Stadion zu Atlanta duerchgesat huet. Den éischte Gol ass dann och schonn an der 14. Minutt gefall, wéi de Serhou Guirassy no engem Duebelpass vum Karim Adeyemi den 1:0 geschoss huet.

© AFP
Nom Réckstand huet Monterrey verstäerkt no vir gespillt. No dräi staarke Versich vun de Mexikaner war et awer nees de Guirassy, deen no engem Konter iwwer de Ryerson an den Adeyemi den 2:0 an der 24. Minutt geschoss huet.
No der Paus koum Monterrey mat vill Elan aus der Kabinn, wat sech och direkt gelount huet. Bei der Attack vun de Mexikaner hu sech d'Dortmunder nämlech kuerz e bëssen desorientéiert gewisen: De Süle huet eng Flank zougelooss an dem Svensson säin Ofwierversuch war ze schwaach, esou datt am Zentrum de Berterame ongestéiert e Gol fir d'Mexikaner konnt markéieren.
An der Véierelsfinall den nächste Samschdeg trëfft Borussia dann zu Rutherford op Real Madrid.

© AFP
Den Iwwerbléck vun de Véierelsfinallen
4. Juli, 21 Auer: Fluminense - Al Hilal
5. Juli, 3 Auer: Palmeiras - FC Chelsea
5. Juli, 18 Auer: Paris St. Germain - Bayern München
5. Juli, 22 Auer: Real Madrid - Borussia Dortmund