Champion Déifferdeng ass prett fir de Match géint den FC Drita
En Dënschdeg den Owend spillt den FCD03 an der éischter Ronn vun der Champions-League-Qualifikatioun auswäerts am Kosovo.
No enger laanger an ustrengender Rees vun Déifferdeng op Pristina an de Kosovo waren d'Spiller mat e puer Stonne Verspéidung an 11 verluerene Wallisse schlussendlech an der Nuecht vun e Sonndeg op e Méindeg ëm 3 Auer an der Nuecht an hirem Hotel ukomm. Deemno gouf de Virprogramm vun der Ekipp den Dag virum Match op dat noutwennegst reduzéiert.
Den Trainerstaff an d'Spiller gi mat vill Confiance an d'Partie géint den FC Drita. E Méindeg den Owend stoung e lockeren Training um Programm. Wichteg war et, fir sech un den Terrain an un d'Temperaturen ze gewinnen. Wärend dem Dag waren et bis zu 38 Grad. D'Spiller hunn hir Wallissen alleguerten an der Nuecht zeréckkritt.
Op der Pressekonferenz e Méindeg huet sech den Déifferdenger Trainer Pedro Silva selbstbewosst gewisen. Trotzdeem géing den FC Drita als Favorit an dës Partie goen. Sécherlech och een Déifferdenger Mëttel, fir den Drock vun hirer eegener Ekipp ewech ze halen. Den FC Drita gouf d'lescht Saison Champion am Kosovo.
De Match gëtt en Dënschdeg den Owend ëm 20 Auer am nationale Stadion zu Pristina ugepaff.