PSG deklasséiert Real Madrid a spillt an der Finall géint Chelsea

© AFP
D'Ekipp vum Luis Enrique konnt sech mat 4:0 géint déi Kinneklech duerchsetzen. An der Paus louch Paris St. Germain scho mat 3:0 a Féierung.
De PSG kritt et an der Finall mat Chelsea ze dinn, déi sech an der 1. Halleffinall mat 2:0 géint Fluminense aus Brasilien duerchgesat hunn. D'Finall tëscht Chelsea an dem PSG gëtt e Sonndeg den Owend 21 Auer eiser Zäit ugepaff.
Déi 1. Chance am Match huet wuel Real Madrid geheiert. Et sollt bis op eng geféierlech Aktioun vum Vinicius Junior dann och déi eenzeg nennenswäert Chance fir déi Kinneklech an der 1. Hallschent sinn. An der Suite war et Paris St. Germain déi um Drecker waren a Real Madrid phaseweis virgefouert hunn. Sou louch de Champions League Gewënner no 9 Minutte scho mat 2:0 a Féierung - huet allerdéngs och vun 2 kapital Feeler vum Ascensio a Rüdiger profitéiert. D'Goler hunn de Fabian an den Dembelé markéiert. An de 24. Minutt huet de Fabian mat sengem zweete Gol fir den 3:0 gesuergt. Mat dësem Resultat sollt et dann och fir béid Ekippen an d'Paus goen.
Nom Säitewiessel huet Real wuel versicht dogéint ze halen, alles an allem sollt der Ekipp vum Alonso awer net all ze vill geléngen. 3 Minutte viru Schluss huet de Goncalo Ramos fir 4:0 d'Schlussresultat gesuergt. Eng mei wéi verdéngt Victoire fir de PSG déi virun allem an der 1. Hallschent spilleresch eng Klass besser ware wéi Real Madrid. Beim Real huet den agewiesselte Modric säi leschte Match fir Real Madrid gespillt.
De PSG spillt e Sonndeg um 21 Auer d'Finall géint Chelsea London.