D'Lëtzebuergerin huet dës Saison den nationale Rekord iwwer 400m verbessert an ass un de Rekord iwwer 800m op eng Sekonn erukomm.

Fir d'éischte Kéier zanter engem Joer huet d'Fanny Arendt déi lescht Deeg nees op der Pist vum Stadion Emile Mayrisch zu Esch trainéiert. D'Fola-Athleetin kombinéiert nämlech Héichleeschtungssport a Studium an den USA. A vun do koumen a leschter Zäit positiv Noriichten. Nodeems d’Fanny Arendt schonn den nationale Rekord iwwer 400 Meter gebrach hat, ass d’Mëttelstreckeleeferin den zweetbeschte Lëtzebuerger Chrono vun allen  
Zäiten iwwer 800 Meter gelaf. Ronn eng Sekonn vum nationale Rekord ewech, dee vum Charline Mathias (2:00.13 / 2024) gehale gëtt. 
 
Dës Resultater kommen ëmsou méi iwwerraschend, wann ee bedenkt, dass d'Fanny Arendt op Grond vun enger Skolios reegelméisseg mat Réckeprobleemer ze kämpfen huet. Aus deem Grond reduzéiert den Training op der Pist sech op zwou bis dräi Seancen an der Woch.

Fir den Training baussent der US-Trainingsgrupp ass den Yves Goeldi zoustänneg. Trainer an Athleetin hunn zesumme gekuckt, wéi eng alternativ Trainingsméiglechkeeten et géing ginn. An do huet een als Ersatz fir d'Lafen de Vëlo fir sech entdeckt a vill Seancen domat ersat.  
 
No de Performancen iwwer d'400 an d'800 Meter ass och eng Ëmstellung am Verhalen an de Courssen noutwendeg. Bis ewell war d'Fanny Arendt et nämlech net gewinnt, fir d'Courssen esou séier unzegoen an och esou een héijen Tempo iwwer eng ganz Course ze halen. Dorunner muss si sech nach gewinnen, fir datt an Zukunft nach méi séier Zäite méiglech ginn.
 
Mat der Universiade an zwou Woche steet e wichtege Rendez-vous fir d'Psychologie-Studentin um Programm. Als Zil huet sech d'Lëtzebuergerin d'Finall gesat an och eng gutt Zäit wëll si op d'Pist bréngen.
 
Hoffentlech mécht de Réck der Athleetin kee Stréch duerch d’Rechnung.