Lamine Yamal invitéiert kleng gewuesse Leit zur Ënnerhalung

© AFP
Déi spuenesch Justiz ermëttelt géint de Spiller vum FC Barcelona.
E Samschdeg den Owend huet de Lamine Yamal zu Olivella, ronn 50 Kilometer vu Barcelona ewech, säin 18. Gebuertsdag gefeiert. Op de soziale Medien waren déi Deeg duerno Fotoen a Videoe viral gaangen, op deenen ee konnt gesinn, wéi kleng gewuesse Mënschen op d'Party gefouert goufen. Internationale Medien no sollen déi zur Ënnerhalung gebucht gi sinn.
Zanter 2023 gëtt et awer a Spuenien ee Gesetz, dat verbitt, Persounen opgrond vun hirer Kléngwüchsegkeet ze bezuelen. Jorelaang goufen dës bei Stéierkämpf zur Ënnerhalung an den entspriechenden Arenaen agesat.
Déi spuenesch Justiz ermëttelt elo géint de Lamine Yamal.