E Sonndeg huet d’Lëtzebuerger U19 de Match ëm Plaz 5 21:25 géint de Kosovo verluer. D’Trainerin Tina Welter ass trotzdeem zefridde mam Bilan.

Zënter dem 12. Juli waren d’Lëtzebuerger U19-Dammen a Georgien bei der Championship am Asaz. No 6 Matcher heescht de Bilan 3 Victoiren an 3 Néierlagen, wat  Plaz 6 an dëser Campagne ënner 10 Natioune bedeit. Nodeems ee sech virun zwee Deeg mat der zweeter Victoire géint Groussbritannien (33:24) bannent dräi Deeg fir de Match ëm Plaz 5 qualifizéiert hat, sollt de positiven Ofschloss vun der Campagne ausbleiwen. Géint de Kosovo gouf et eng 21:25-Defaite.

RTL

© FLH

D’Nowuess-Léiwinne louchen no 12 zéie Minutten a Féierung, duerno huet de Kosovo de Match gedréint a goung mat 12:10 an d’Kabinnen. No der Paus konnt Lëtzebuerg sech d’Féierung duerch e 6:0-Laf kuerzzäiteg zeréckerueweren, mee déi vill Feelschëss vun der Laura Ciufoli an der Lea Steichen, individuell Feeler an der Defense an d’Middegkeet no 10 Deeg Kompetitioun hunn dozou geféiert, dass d’Lëtzebuergerinnen den Terrain um Enn als Verléierer verlooss hunn.

Nieft de positive Leeschtungen an dëser Campagne, déi mat der 6. Plaz ofgeschloss gouf, ass nach d’Performance vun der Laura Ciufoli ze nennen. Déi jonk Spillerin vum HB Diddeleng, déi an der leschter Woch eng wichteg Stäip fir d’Ekipp war, gouf mat 47 Goler zweetbescht Buteuse vum Turnéier.

Réckbléck op d‘Campagne

D’Tina Welter, zënter engem Joer Trainerin vun der U19, huet am Interview mat RTL d’Leeschtung vun hire Spillerinnen an de leschten 10 Deeg gelueft, ass awer och op Schantercher um an nieft dem Terrain agaangen.

Am Réckbléck op de Match an op d’Campagne huet déi jonk Trainerin am Match géint de Kosovo „warscheinlech déi bescht Defense am ganzen Turnéier“ gesinn, mee „a wichtege Situatiounen hu mir de Gol net getraff a vill Perte-de-balle produzéiert“.  Si huet och zwee grouss Schantercher vun der Ekipp ugeschwat: eng schwaach Ufanksphas an „a Matcher, wou mer gewanne mussen, feelt déi néideg Erfarung a Konzentratioun, fir do kënnen um Terrain 100 Prozent ze ginn“.

Fir un dëse Stellschrauwen ze dréinen, setzt déi laangjäreg Nationalspillerin dorop, dass sech d’Federatioun an d’Clibb an Zukunft engem gemeinsamen Zil verschreiwen – wéi dat an anere Länner de Fall ass – a sech dorop fokusséieren.

D’Preparatioun op d’Campagne gouf och duerchernee geheit, well eng Rei Spillerinne blesséiert waren oder net zur Verfügung stoungen. Dohier war d’Ekipp net sou agespillt wéi geplangt, an d‘Virbereedungsphas vun annerhallwer Woch wär ze kuerz gewiescht.

Insgesamt géif si awer e positive Fazit vun der Campagne zéien, och wann ee sech d’Zil gesat hat, déi 5. Plaz ze erreechen; perséinlech hätt d’Tina Welter de Jong-Léiwinne souguer Plaz 4 zougetraut.

Ze bemierke bleift, dass d’Lëtzebuergerinnen net, anescht wéi de Kosovo, géint d’Finaliste vun der Championship, d’Ukrain an d’Slowakei, untriede mussten. D’Tina Welter mengt awer, dass dës Ekippen de Lëtzebuergerinne kierperlech wäit iwwerleeë sinn.

Bléck no vir

De Schluss vun der Championship bedeit och gläichzäiteg d’Enn vun der Kooperatioun an dëser Konstellatioun. Eng Rei Spillerinne ginn an de Seniorsberäich iwwer oder si scho Bestanddeel vun der Dammen-Nationalekipp. Ab September wäert d’Tina Welter dann d’U18 iwwerhuelen an huet do scho kloer Virstellunge fir déi nächst Joren.

Et wäerte Frëndschaftsmatcher géint gläichwäerteg Ekippe wéi de Kosovo, d’Belsch oder Groussbritannien organiséiert ginn, fir déi nächst Generatioun op esou en Niveau ze bréngen, „dass se op internationalen Terrainen net erféieren“ an „dass se prett sinn, fir esou eng Campagne ze spillen“. Ënner den aktuelle Konditioune wär et schwéier, fir international matzehalen. Dohier ass et aus der Siicht vun der Jugendtrainerin och onëmgänglech, dass jonk Spillerinnen hir Plaz am Veräi kréien, fir Erfarung ze sammelen. „Klappt et net an de Clibb, klappt et och net an der Nationalekipp!“

D’Tina Welter huet elo mat hirem Co-Trainer Mikel Molitor zwee Joer Zäit, fir eng nei U19-Ekipp op d’Championship ze preparéieren – e puer Spillerinne waren dës Kéier schonn dobäi. 2027 wëll si an d’Topp 5 kommen a gesäit den nächste Joergang als nach méi staark u wéi dësen.