De Weekend rullt de Ball nees an der ieweschter Divisioun am nationale Futtball. Den FLF-President Paul Philipp huet op déi nei Saison no vir gekuckt.

De Paul Philipp iwwert déi nei Saison an der BGL Ligue

Et ass kee grousst Geheimnis, datt den aktuelle Champion FC Déifferdeng 03 op en Neits an der Favoritteroll ass. Mat der Confiance vu leschter Saison an engem staarke Kader muss ee selwer och deen Usproch hunn, sou den FLF-President Paul Philipp.
 
"Dat wier dann déi drëtte Kéier hannerteneen. Virun allem, wann ee gesäit, wéi vill Virsprong si d'lescht Saison haten. An och wann een de Kader kuckt, ass dee sécher net méi schwaach ginn. Déifferdeng ass deemno ouni Zweiwel de Favorit op den Titel fir déi nei Saison."

Ob et eng aner Ekipp fäerdeg bréngt, iwwer 30 Spilldeeg matzehalen, bleift ofzewaarden. Ma wann dann ass den Tour awer séier gemaach.
 
"Et si praktesch déi selwecht Ekippe wéi d'lescht Saison, d'UNA Stroossen an de Stater Racing. Bei Diddeleng muss ee kucken, wéi dat Ganzt zesumme klappt. Och nach Nidderkuer kéint eng Roll spillen. Dat sinn u sech déi Ekippen, déi uewe kéinte matspillen."
 
Mat Käerjeng, Mamer, Kanech a Biissen sinn och véier nei Ekippen an der BGL Ligue dobäi, wat de Kampf ëm de Maintien nach méi interessant mëscht, de Paul Philipp.
 
"Et ass awer och en Zeechen, datt dee leschten Drëttel vun der BGL Ligue an deen éischten Drëttel aus der Éierepromotioun praktesch d'selwecht staark ass. Fir déi véier nei Ekippe geet et virun allem drëms, gutt ze starten a wa méiglech esou séier wéi méiglech eng gutt Partie Punkten ze kréien. Et muss een awer ofwaarde wéi si sech an deem neien Ëmfeld erëmfannen."
 
Dem Paul Philipp no kéinten Ekippe wéi Munneref oder d'Jeunesse Esch och fir eng positiv Iwwerraschung an der Saison suergen an deen Ament och an der Tabell méi uewen ze fanne sinn.

Eng Virschau op all d'Matcher vum 1. Spilldag an d'Presentatioun vun allen Ekippen an hire Kadere mat Fotoe vun de Spiller fannt Dir hei.