Wéinst Onstëmmegkeeten am Comité vun de Red Boys Déifferdeng am Handball soll et RTL-Informatiounen grouss Ännerunge ginn.

Deemno wier de Patrick Reder net méi weider President, ma hie géif dem Comité awer nach erhale bleiwen. De Michel Scheuren soll dogéint net méi am Comité bleiwen, awer seng Funktioun als Trainer vun den Damme weider halen.

Wien neie President gëtt, ass aktuell nach net gewosst.

An der leschter Saison war d'Härenekipp vun de Red Boys Champion ginn a bei den Damme war een op déi 3. Plaz komm.