E Samschdeg ass deen zweetleschten Dag vun de World University Games am Rhein-Ruhr-Gebitt.

Gold fir de Ruben Querinjean op der Universiad an Däitschland.

De Lëtzebuerger ass e Samschdeg senger Favoritteroll iwwer 3.000 Meter Steeple gerecht ginn an huet sech mat enger Zäit vun 8 Minutten, 18 Sekonnen a 47 Honnertstel d'Goldmedail geséchert, wat och en neie Rekord bei de World University Games bedeit. Sëlwer ass un de Spuenier Alejandro Quijada Sanchez (8:20.70) gaangen. A Bronze huet den Ungar István Palkovits (8:35.05) gewonnen.
 
Den zweete Lëtzebuerger am Feld Gil Weicherding ass den 10. ginn. Hien ass eng Zäit vun 8:49.67 gelaf.

Virun zwee Joer gouf et och Gold fir Lëtzebuerg op der Universiad. D'Patrizia van der Weken hat d'Course iwwer 100 Meter gewonnen.

De Mathis Espagnet huet iwwer 800 Meter fir d'Finall verpasst. De Lëtzebuerger ass an der éischter vun den dräi Halleffinallen dee Véierten an enger Minutt, 48 Sekonnen a 70 Honnertstel ginn. Déi zwee éischt Leefer aus all Halleffinall an déi zwee Zäitschnellst hu sech fir d'Finall qualifizéiert. Iwwer d'Zäit huet dem Lëtzebuerger eng knapp Sekonn gefeelt.

Turnen

Um Samschdeg ass dann nach eng weider véiert Plaz fir Lëtzebuerg bei der Universiad an Däitschland dobäi komm. Am Konschtturnen huet d'Céleste Mordenti eng Medail um Sprong knapp verpasst an ass mat 13.183 Punkten déi Véiert ginn.

Gewonnen huet d'Japanerin Shoko Miyata mat 13.699 Punkten. Zweet ass d'Japanerin Kohane Ushioku mat 13.549 Punkte ginn an als Drëtt huet sech d'Éisträicherin Selina Kickinger mat 13.366 Punkte klasséiert.

Am All-Around war et e Freideg fir d'Mordenti mat 49.466 Punkten déi 11. Plaz. Gold ass un d'Japanerin Shoko Miyata mat 54.266 Punkte gaangen.

RTL

© LASEL