Schwamm-WM zu Singapur
Joao Carneiro verpasst Halleffinallen am 50m Brasse ëm knapp annerhallef Sekonn

© Tobias SCHWARZ / AFP (Archiv)
Op der Schwamm-WM zu Singapur ass de Joao Carneiro en Dënschdeg de Moien a senger Serie iwwert d'50 Meter Brasse de Véierte ginn.
Den 21 Joer ale Lëtzebuerger huet an enger Zäit vun 28 Sekonnen an 57 Honnertstel ugeschloen. Fir sech fir d’Halleffinallen ze qualifizéieren hu knapp annerhallef Sekonn gefeelt.
Am meeschte gelies