E Freideg de Moien deelt de Progrès Nidderkuer offiziell mat, dass den Olivier Thill e Kontrakt vun dräi Saisonen ënnerschriwwen huet.

De Mëttelfeldspiller war lo zanter 5 Joer als Profi a Russland, der Ukrain respektiv an der Tierkei. Do virdru war hie schonn zu Nidderkuer. Beim Progrès dréit den Thill d’nächst Saison och d’Kapitänsbändchen, wéi de Club matgedeelt huet. Seng lescht Statioun hat den Olivier Thill elo bei Cherkasy, e Veräin aus der éischter Divisioun an der Ukrain.