Den F91 gewënnt de Match 4:3, nodeem en dräi Mol a Réckstand war. Den decisive Gol ass an der 85. Minutt gefall.

Fir den Optakt vun der Futtball-Saison 2025/26 behält den F91 Diddeleng dräi Punkten an der Forge du Sud, nodeem ee sech mat 4:3 géint de Progrès Nidderkuer duerchgesat huet. D'Lokalekipp konnt dobäi dräi Mol e Réckstand ausgläichen an an der Schlussphas den decisive Gol schéissen. Och zwee Goler vum Olivier Thill hunn den Nidderkuerer kee Punkt bruecht.

Resumé F91-Progrès / Reportage Gilles Tricca

Et war eng ganz mouvementéiert éischt Hallschent am Stade Jos Nosbaum. Schonn no 7 Minutte goungen d'Gäscht duerch den Neizougang Olivier Thill a Féierung, dës sollt awer just eng Minutt undaueren. De Rotundo konnt am Géigenzuch ausgläichen. De Match huet säin héije Rhythmus bäibehalen an et huet net laang gedauert, bis den 2:1 fir Nidderkuer gefall ass. Duerno ass de Match méi roueg ginn, Nidderkuer blouf awer d'Ekipp mat de bessere Golgeleeënheeten. Den F91 koum an der 42. Minutt ganz onverhofft zum Ausgläich, well den Nidderkuerer Golkipp Flauss bei enger Réckpass net opgepasst hat an de Ball an den eegene Gol gerullt ass. Zënter dem 1:1 hat Diddeleng kee Ball méi op de géigneresche Gol bruecht. Sou goufen d'Säite bei 2:2 gewiesselt.

Den Olivier Thill huet an der 52. Minutt säin zweete Gol markéiert, mee dat sollt net duergoen. D'Lokalekipp war nach ëmmer net am Match an et huet bis zur 72. Minutt gedauert, bis de Benkhedim eng drëtt Kéier fir Diddeleng ausgeglach huet. Wéi jidderee mat engem Gläichspill gerechent hat, huet de Kirch nach eng Kéier zougeschloen an dem F91 déi éischt Punkten an dëser Saison geséchert.

Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.

Den Iwwerbléck vun de Resultater

F91 Diddeleng - Progrès Nidderkuer 4:3

0:1 O. Thill (7'), 1:1 Rotundo (8'), 1:2 Avdusinovic (16'), 2:2 Guett-Guett (42', Eegegol), 2:3 O. Thill (52'), 3:3 Benkhedim (72'), 4:3 Kirch (85')

D'Tabell