De Paul Philipp erkläert d'Decisioun vun der FLF an der Affär Rodrigues
De Gerson Rodrigues wäert op onbestëmmten Zäit net méi den Trikot vun de Roude Léiwen droen.
Dat huet d'Lëtzebuerger Futtballfederatioun en Dënschdeg an engem Communiqué matgedeelt.
Nach am Juni stoung hie fir déi zwee Frëndschaftsmatcher géint Slowenien an Irland am Kader, wat deelweis fir hefteg Reaktiounen am Ëmfeld gesuergt hat. Am Virfeld vun der WM-Qualifikatioun schéngt et ewéi wann ee bei der FLF lo géif probéieren, dat Kapitel hannert sech ze loossen an sech nees op dat Sportlecht ze konzentréieren.
Virun zwee Méint hat de Conseil d'Administration vun der FLF dem Gerson Rodrigues eng sougenannten zweet Chance ginn, a wollt dësen no senger Verurteelung zu 18 Méint Prisong op Sursis wéinst haislecher Gewalt keng zweete Kéier bestrofen. Virum Optakt vun der WM-Qualifikatioun gesäit dat Ganzt awer elo anescht aus. Virop, well de Rekord-Buteur sech wéineg asiichteg gewisen huet. Am Kader vun deenen zwee Matcher am Juni gouf et zolidd Kritik um Rodrigues, um Nationaltrainer Luc Holtz an och un der FLF-Spëtzt mat virop dem President Paul Philipp.
"Do muss een éierlech soen, datt dat eng negativ Dynamik geholl huet, déi kee vun eis sech erwaart hat. Mir hunn och op de Gerson gezielt, fir asiichteg ze sinn, mir hunn him virum zweete Match am Juni eng Entschëllegung virbereet, fir och no baussen ze weisen, datt dat wat him reprochéiert gëtt, hie bereit, domat war hien allerdéngs net averstanen. Dat huet dunn schonn eng gewëssen Enttäuschung bei eis mat sech bruecht."
2017 huet de Gerson Rodrigues säin éischte Match am Trikot vun de Roude Léiwe gespillt. No 23 Goler bleift him déi nächst Méint elo d‘Roll vum Spectateur. Déi lescht Jore goufen et ëmmer nees Niewegeräischer bei der Nationalekipp, sief et duerch de Rodrigues, dem Luc Holtz säi Sträit mam Maxime Chanot oder dem sougenannten "Dier zouklaken" géintiwwer dem Oli Thill.
"Dofir wollte mir elo Mol Rou schaafen, fir déi zwee ganz wichteg Matcher am September kënne virzebereeden. Et ass jo och esou, datt no dëser Qualifikatioun, déi hoffentlech gutt verleeft, eng nei Ära op der Trainerbänk wäert ugoen, well de Kontrakt mam Luc Holtz no 15 Joer net verlängert gëtt. Do ass also Kloerheet, an hei sollt och elo am Fall 'Gerson' Kloerheet geschaaft ginn, fir datt all déi aner Spiller, déi iwwerall uechter Europa kommen, sech déi 10 Deeg kënnen a Rou preparéieren."
Lëtzebuerg spillt de 4. September heiheem géint Nordirland an 3 Deeg drop den zweete Match am Stade de Luxembourg géint d‘Slowakei.
De Gerson Rodrigues huet rezent jo e Kontrakt an Thailand ënnerschriwwen.
Schreiwes vun der FLF
Communiqué de presse – Pressemitteilung
Numéro : 002 – 2025/2026
Date : 05 août 2025
L'image de l'institution du football luxembourgeois et de tous ses membres a été affectée par "l'affaire Gerson Rodrigues".
Nous tenons à préciser que la renommée de la Fédération et de ses membres est au-dessus de toute individualité et considération sportive.
Malgré les conseils et recommandations que les responsables de la Fédération ont essayé de donner au joueur concerné, celui-ci n’y a donné aucune suite favorable.
Par conséquent, le Conseil d'administration a décidé que le joueur précité n'est plus sélectionnable jusqu'à nouvel ordre pour les futurs matchs internationaux de l'équipe nationale.
Ëmmer nees negativ an de Schlagzeilen
Wärend senger Zäit bei der Nationalekipp huet de Gerson Rodrigues ëmmer rëm fir Onrouen nieft dem Terrain gesuergt. Ënner anerem gouf de Rekordbuteur vun de Roude Léiwen e puer Mol wéinst disziplinaresche Grënn suspendéiert oder net selektionéiert. Donieft gouf hien Enn Abrëll am Appell zu 18 Méint Prisong op Sursis wéinst haislecher Gewalt a Kierperverletzung schëlleg gesprach. An der Suite huet den Nationaltrainer Luc Holtz de Gerson Rodrigues, mat dem Accord vum Conseil d'Administratioun vun der Lëtzebuerger Futtballfederatioun, zwar nach fir déi zwee Frëndschaftsmatcher géint Slowenien an Irland Ufank Juni selektionéiert. Dës Nominatioun huet awer fir vill negativ Schlagzeile gesuergt. Iwwert déi sozial Medie gouf et vill Kritik. Och am an ausserhalb vum Stade de Luxembourg goufen et verschidde Manifestatioune géint dës Decisioun.
No deene leschte Lännermatch-Rendezvouse vun de Roude Léiwen huet d'FLF d'Grënnung vun enger onofhängeger Ethik-Kommissioun annoncéiert.
Am Mäerz 2017 huet de Gerson Rodrigues säin éischte Match fir d'Rout Léiwen bei 1:3-Defaite am Stade Josy Barthel an der WM-Qualifikatioun géint Frankräich gespillt. Insgesamt war den 30 Joer ale Stiermer 72 Mol fir d'FLF-Selektioun am Asaz an huet mat sengen 23 Goler déi meescht Goler fir déi Lëtzebuerger Futtballnationalekipp geschoss. Säi leschten Optrëtt am Dress vun de Roude Léiwe war beim 0:0-Remis Mëtt Juni heiheem géint Irland.