
Fir Lëtzebuerg waren am Asaz: Kim Poorters, Luca Jungers, Jerry Welter a Luca Wolter.
Et gouf an 8 verschiddenen Disziplinnen ëm Medaile gekämpft.
An der Natiounewäertung koum Lëtzebuerg um Enn op Plaz 3, hannert Däitschland a Brasilien.
An der Disziplin Kombi-Sprint stoungen um Enn direkt zwee Lëtzebuerger um Podium, mam Luca Wolter op Plaz 2 an dem Jerry Welter op Plaz 3. Gold goung un de Jan Anders aus Däitschland.
