BGL Ligue
Match Déifferdeng-Racing verluecht

© Val Wagner (Archiv)
Fir de Kont vum 3. Spilldag an der BGL Ligue sollt Déifferdeng e Méindeg den Owend géint de Racing spillen.
Duerch d'Victoire vun Déifferdeng en Donneschdeg den Owend an der Conference-League-Qualifikatioun geet d'europäesch Aventure vum Lëtzebuerger Champion virun an et steet een am Playoff. Den Exploit huet weider Repercussiounen op d'Championnat zu Lëtzebuerg. Nom Match géint Mamer um 2. Spilldag ass elo och de Match géint de Racing um 3. Spilldag verluecht ginn. D'Partie sollt e Méindeg den Owend um 19.30 Auer gespillt ginn. Wéini d'Partien nogeholl ginn, ass bis ewell nach net gewosst.
Am meeschte gelies