Dammefuttball
Jonglënster klappt Hesper, Beetebuerg verléiert knapp géint de Racing

© Archiv
E Samschdeg den Owend war den Optakt vum nationale Futtball-Championnat bei den Dammen.
Am Spëtzematch vum Spilldag konnt Jonglënster sech doheem 2:1 géint Hesper duerchsetzen.
De Champion Racing huet sech knapp mat 3:2 beim Opsteiger Beetebuerg duerchgesat.
Donieft ass Déifferdeng mat enger 4:2-Heemvictoire géint Ell an déi nei Saison gestart, Mamer huet Dikrech 2:0 geklappt a Käerjeng konnt sech 5:2 géint d'Entente WMH behaapten.
Resultater
Tabell
Am meeschte gelies