Championen Déifferdeng a Käerjeng starte mat Victoire

© Cliff Block
Diddeleng konnt sech bei den Dammen am Spëtzematch géint Déifferdeng duerchsetzen. Bei den Häre klappt de Standard Käerjeng no enger souveräner Leeschtung.
Opgrond vun den Asätz vum HB Diddeleng an dem HB Esch am European Cup ware fir den Optakt vun der neier Saison bei de Männer just zwee Matcher. Bei den Damme gouf de Match tëscht Esch an dem Standard och verréckelt.
Axa League Hären
D'Red Boys Déifferdeng ass mat enger klorer Victoire an déi nei Saison gestart. Géint d'Esperance Rëmeleng gouf et eng 37:21-Victoire.
Rëmeleng huet et dem Champion Déifferdeng op d'mannst an den éischten 30 Minutte schwéier gemaach. Keng Ekipp konnt sech bis an d'20. Minutt e Virsprong vu méi wéi zwee Goler erausspillen. D'Red Boys konnten eréischt an der 25. Minutt déi éischt Kéier op plus 3 stellen an hu virun allem vun de 5 Goler vum Chan Togno profitéiert, fir mat 16:12 an d'Kabinnen ze goen.
No der Paus gouf et séier däitlech, well d'Lokalekipp sech kontinuéierlech ofsetze konnt: No 40 Minutte stoung et 24:16 fir déi Rout. Rëmeleng hat an der 38. Spillminutt mam Daniel Elting säi beschte Buteur duerch dräi Zäitstrofe verluer, wat Déifferdeng och an d'Kaarte gespillt huet. Um Enn gouf d'Resultat däitlech. Den Déifferdenger Daniel Tako war mat 10 Goler beschte Buteur vum Match.
Fir Käerjeng schéngt et déi erwaart schwéier Saison ze ginn. Géint den HC Standard souz eng batter 24:26-Néierlag.
No ekilibréierten 10 Minutte (4:4) konnt sech d'Lokalekipp lues awer sécher ofsetzen a louch an der 20. Spillminutt 10:5 vir. Dëse Réckstand kruten déi Gréng bis an d'Paus (9:13) net méi ageholl. Och am zweeten Duerchgang konnt de Standard de Virsprong vu 4 Goler konstant halen. Eréischt an de leschten 3 Minutte gouf et nach eng Kéier spannend, wéi Käerjeng en 3:0-Laf gelongen ass (24:26). Mee dee koum ze spéit an de Standard huet déi éischt zwee Punkten um Kont stoen.
Axa League Dammen
D'Dammesaison ass direkt mat engem Spëtzematch lassgaangen. No 60 Minutte goung den HB Diddeleng mat 30:24 géint d'Red Boys Déifferdeng als Gewënner vum Terrain.
Et war den erwaarten enken Optaktmatch - Diddeleng konnt sech am éischten Duerchgang mat maximal 3 Goler ofsetzen, bei Déifferdeng war et maximal plus 2. Et huet ee béiden Ekippen ugemierkt, dass et den éischte Match vun der Saison war: Béid Defensen hate sech nach net fonnt an den Ugrëff vum Géigner konnt jeeweils vun de ville Feeler profitéieren. Déifferdeng konnt hirer neier Golkippesch Servant Merci soen, déi si mat enger Dose Paraden am éischten Duerchgang am Match gehalen huet. Déi Rout hunn esou virun der Paus aus engem 10:12 en 12:12 gemaach.
Nom Säitewiessel huet Diddeleng méi staark gewierkt, konnt seng Iwwerleeënheet awer laang net a Goler ëmmënzen. Déifferdeng blouf haartnäckeg, an domat de Score enk (18:17 no 39 Minutten). Ab der 40. Minutt huet d'Laura Ciufoli méi Responsabilitéit am Diddelenger Spill iwwerholl a konnt an där Phas 5 vun hiren insgesamt 11 Goler markéieren. No 50 gespillte Minutten haten d'Fiiss de Virsprong op 5 Goler (25:20) ausgebaut. Déifferdeng krut keen Zougrëff méi an Diddeleng koum ëmmer besser a säin üblecht séiert Spill an duerft sech um Enn iwwer eng dach kloer Victoire freeën.
De Champion Käerjeng ass mat enger 28:21-Victoire an d'Missioun Titelverdeedegung gestart. De Museldall konnt seng Roll als Spillverdierwer fir déi grouss Ekippen, déi e wéinst de villverspriechenden Zougäng zougesprach kritt, am éischte Match net spillen. D'Gäscht aus der Brauereistad si mat engem 5:0-Laf an de Match gestart an dëse Virsprong sollte si sech och net méi huele loossen. D'Miselerinnen haten déi éischt fënnef Minutte vum Match verschlof a kruten dësen Ecart net méi ageholl. Käerjeng konnt bis an d'Paus souguer op 10:18 ewechzéien.
Déi zweet Hallschent konnt den HBM awer mat 11:10 fir sech entscheeden an esou mat engem gudde Gefill aus dem Match goen. Käerjeng huet de Virsprong clever verwalt an déi éischt zwee Punkten agesäckelt. Déi meescht Goler (10) an dësem Match goungen op de Kont vun der Anais Huberty vum Museldall. Bei Käerjeng hunn d'Lara Weibel an d'Daria Milek jee 5 Goler markéiert.