Op der Basketball-Europameeschterschaft zu Rigga (Lettland) goufen d'Aachtelsfinalle gespillt.

Um Samschdeg koum et zu enger grousser Iwwerraschung. Finnland huet mat Serbien de Favorit vum Turnéier eliminéiert. 15 Dräier huet d'Ekipp ronderëm den NBA-Star Laurie Markkanen (29 Punkten, 8 Rebounds) getraff a Serbien um Enn geschockt. Och 33 Punkte um Nikola Jokić sinn net duergaangen.

Duerch d'Néierlag vu Serbien iwwerhëlt Däitschland d'Favoritteroll. Eisen Noper bleift no enger 85:58-Victoire géint Portugal ongeschloen an mécht weider e staarken Androck. De Weltmeeschter iwwerzeegt duerch e staarken Ekippegeescht an huet mam Franz Wagner an mam Dennis Schröder och individuell zwee vun den Toppspiller aus Europa am Kader.

Fir d'Lokalekipp Lettland ass den Turnéier eriwwer, géint Litauen gouf et eng knapp Defaite.

Am nächsten Tour steet och d'Tierkei, déi sech géint Schweden behaapte konnt.

Luka Dončić glänzt géint Italien

Eng weider ganz grouss Iwwerraschung gouf et um Sonndeg. Den Aussenseiter Georgien huet Frankräich eliminéiert. Donieft huet den NBA-Superstar Luka Dončić mat enger Galavirstellung dofir gesuergt, dass Slowenien am nächsten Tour steet. 42 Punkten, dorënner 30 an der éischter Hallschecht, huet de "Luka Magic" markéiert, elo wäert sech géint Däitschland weisen op seng individuell Stäerkt och géint eng staark Ekipp kann duergoen.

An der Véierelsfinall stinn och Griichenland a Polen, déi sech um Sonndeg den Ticket geséchert hunn. Nach 3 Matcher trennen eng Natioun vum EM-Titel, déi nächst Deeg bleift et spannend, d'Finall steet de 14. September um Programm.

All Resultater vun den Aachtelsfinallen:

Finnland - Serbien 92:86
Däitschland - Portugal 85:58
Tierkei - Schweden 85:79
Litauen - Lettland 88:79
Italien - Slowenien 77:84
Polen - Bosnien an Herzegowina 80:72
Frankräich - Georgien 70:80
Griicheland - Israel 84:79

Véierelsfinallen:

Um Dënschdeg:
Litauen - Griicheland
Tierkei - Polen
Um Mëttwoch:
Däitschland - Slowenien
Finnland - Georgien