Pol Flesch gewënnt 10. Editioun vum Cross Duathlon
De Red Rock Challenge féiert duerch verschidde Bëscher am Lëtzebuerger Süden a gëtt zënter 2013 organiséiert.
Bei quasi perfekte Wiederkonditioune sinn déi ronn 60 Athleete fir den Two Day Mountainbike Challenge an den Duathlon un den Depart gaangen. De Red Rock Challenge ass bekannt dofir, dass d’Courssen duerch déi verschidde Bëscher an der Terres-Rouges-Regioun féieren.
Beim Duathlon konnt een Eenzel oder am 3er-Team starten. Dobäi stoung de Landesmeeschter vum Joer 2022 Pol Flesch an der Disziplin Cross Duathlon als Favorit un der Ligne de depart.
No engem séieren Depart huet de Pol Flesch sech och direkt ofgesat. An der Wiesselzon vum Vëlo op d’Lafen hat de Sportler schonn 2 Minutten Avance op seng Konkurrenten. Wärend de Wiessel beim Sportler gutt verlaf ass, goufen et bei eenzele Konkurrente Schwieregkeeten.
Nom zweete Wiessel konnt sech de Favorit och iwwert déi komplett Distanz duerchsetzen a gewënnt de Cross Duathlon.
Bei den Organisateure vum Red Rock Challenge ass ee méi wéi zefridden an domat gouf den 10. Anniversaire vum Red Rock Challenge gutt ageleet.