De Weekend si just 11 Goler an 10 Matcher gefall

© afp
Zanter der Saison 2004/2005 wou d'Serie A op 20 Ekippen opgestockt gouf, si ni manner Goler gefall wéi um 7. Spilldag vun der aktueller Saison.
Bis ewell louch den Negativrekord vu Goler, déi an der héchster italieenescher Spillklass gefall sinn, bei 13 Goler. Dat gouf et ënner anerem véier Mol an der éischter Saison mat 20 Ekippen esou wéi déi leschte Kéier um 2. Spilldag vun der Saison 2022/23.
Genau wéi deemools gouf et och de leschte Weekend véier Partien, an deene kee Gol gefall ass. Déi meeschte Goler gouf et bei der 2:1-Victoire vum AC Mailand géint Florenz.
Déi mannste Goler, déi jee an der héchster Spillklass an Italien gefall sinn, gouf et an de Saisonen 1968/69 respektiv 1979/80. Deemools gouf et just 16 Ekippen an der Serie A an an den aacht Partie vum Weekend ware just all Kéier sechs Goler gefall.