Chris Rodesch verpasst de Sprong an d’Finall
© AFP (Archiv)
De Lëtzebuerger Tennisprofi verléiert seng 1/2-Finall beim ATP Challenger Tournoi zu Bratislava mat 5:7 a 3:6 a géint de Fransous Titouan Droguet.
No enger mei laanger Verletzungspaus huet de Chris Rodeschm aktuell op der Plaz 189 gefouert, nees zu senger Form fonnt. Zu Bratislava huet de 24-jonke Profi sech iwwert Qualifikatioun bis an d'Halleffinall gekämpft. Ënnert anerem huet hien an de 1/16-Finallen Nummer 82 op der Welt, de Chilen Alejandro Tabilo, geklappt. An der 1/4-Finall huet de Chris Rodesch sech mat 2:1 an de Sätz géint den Amerikaner Eliot Spizzirri, 89 Plaze besser klasséiert wéi de Lëtzebuerger, duerchsetzen.
A senger Halleffinall e Samschdeg de Mëtteg huet de Chris Rodesch sech dunn awer géint de Fransous Alejandro Tablio, Nummer 165 an der Weltranglescht, an 2 Sätz mat 5:7 an 3:6 misse geschloe ginn. Virun allem am zweete Saz war de Droguet de bessere Spiller a steet verdéngt an der Finall. Géigner hei ass entweder de Raphael Collignon oder den Alexander Blocky, béid Spiller aus der Belsch.