Bayern léisst Leverkusen keng Chance, Leipzig klappt Stuttgart
© AFP
Kee Gewënner gouf et tëscht Frankfurt an Heidenheim sou wéi Union Berlin a Freiburg. St. Pauli verléiert mam Danel Sinani géint Gladbach.
An der Bundesliga gouf e Samschdeg d'Suite vum 9. Spilldag gespillt. E Freideg den Owend huet sech Dortmund mat 1:0 zu Augsburg duerchgesat. Och an deenen aneren europäesche Lige gouf gespillt, hei goufen et ënner anerem Victoirë fir Arsenal, Atletico a PSG.
De Spëtzematch tëscht Bayern a Leverkusen huet am Virfeld vill versprach, war iwwer 90 Minutten awer eng däitlech Affär. Obwuel de Vincent Kompany de Kane, Diaz an Olise geschount huet, stoung et an der Hallschent schonn 3:0 fir d'Lokalekipp. Leverkusen stoung vun Ufank u just hannendran iwwerdeems den aktuellen däitsche Meeschter d'Heft an d'Hand geholl huet. D'Goler hunn de Gnabry, Jackson a Bade (Selbstgol) geschoss. Nom Säitewiessel sollt sech um Score näischt méi änneren, sou dass de Match mat engem 3:0 fir d'Bayern op en Enn geet. An der Tabell leien si 5 Punkte viru Leipzig a 7 Punkte virun Dortmund. Fir Leverkusen ass et déi 1. Néierlag op friemen Terrain no virdru 37 ongeschloenen Auswäertsmatcher.
Leipzig klappt de VFB Stuttgart mat 3:1 a festegt domat déi zweete Plaz an der Tabell. An engem ënnerhalsamem Match ass et hin an hier gaangen. Kuerz virun der Paus ass Leipzig duerch e Selbstgol vum Chabot mat 1:0 an d'Kabinne gaangen. Nom Säitewiessel huet de Yan Diomande no Virlag vum Baumgartner de Score op 2:0 fir Leipzig gesaat. Stuttgart huet sech fir eng gutt Leeschtung mam Uschlossgol duerch den Tiago Tomas belount. An der Nospillzäit huet de staarken Tomulo mam 3:1 awer den Deckel fir RB zou gemaach.
St. Pauli verléiert mat 0:4 géint Gladbach, déi hirersäits hier 1. Victoire an dëser Saison kenne feieren. De Mann vum Dag war den Tabakovic, deen direkt 2 mol zougeschloen huet. Duerch individuell Feeler louchen d'Hamburger schonn an der Paus mat 0:2 a Réckstand, de Blessin wollt mat 3 Wiessel an der Paus neien Impuls an d'Ekipp bréngen, wat awer just bedéngt geklappt huet. An der Schlussphase hunn de Machino a Fraulo fir d'Schlussresultat gesuergt. Gladbach steet mat 6 Punkten an der Tabell elo just nach 1 Punkt hannert St. Pauli.
Den Danel Sinani stoung 45 Minutten um Terrain, hat eng gutt Golchance, éier hien an der Paus ausgewiesselt gouf.
Laang huet et dono ausgesi wéi wa Mainz fir zweet an dëser Saison kéint als Gewënner vum Terrain goen. Um Enn mussen sech d'Mainzer duerch e spéide Gol vum Stage awer mat engem 1:1 géint Bremen zefridde ginn.
Frankfurt léisst Punkten zu Heidenheim leien a spillt just 1:1. Fir Heidenheim e ganz wichtege Punkt am Tabellekeller.
Kee Gewënner gouf et och zu Berlin. Union a Freiburg spillen 0:0-Gläich.
Um 18h30 kennt et an der Allianz Arena zu München dann nach zum absoluttem Spëtzematch tëscht de Bayern a Leverkusen.
D'Statistike vun de Matcher
Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.
D'Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.