Beim Dressur-Weltcup zu Lyon a Frankräich, konnt sech d'Fie Christine Skarsoe um éischten Dag op der 10. Plaz klasséieren.

Um zweeten Dag verbessert d'Reiderin aus dem COSL-Elite-Kader sech op déi 8. Plaz. D'Fie Christine Skarsoe féiert elo och an der West European League an huet gutt Chancen, fir sech fir déi grouss Final am Abrëll an Texas ze qualifizéieren.

Den Nicolas Wagner, koum zu Lyon wärend deenen zwee Deeg allkéiers op déi 12. Plaz.