Tëscht Neapel a Como gëtt et kee Gewënner. Juve setzt sech géint Cremonese duerch. Atletico klappt Sevilla mat 3:0.

Op internationalem Terrain goufen e Samschdeg nees eng sëlleg Matcher gespillt. Iwwerdeems an der Premier League Arsenal London weider u´souverän un der Tabellespëtzt bleift, huet an der Bundesliga Leipzig de VFB Stuttgart geklappt. An och e puer Lëtzebuerger Futtballer waren am Asaz. Den Iwwerbléck fannt dir hei.

Premier League

FC Burnley - FC Arsenal 0:2
0:1 Gyökeres (14'), 0:2 Rice (35')

Den Tabelleleader aus der Premier League huet sech och géint den Opsteiger Burnley net aus der Rouh brénge gelooss a gewënnt duerch eng defensiv stabil Leeschtung mat 2:0. Dobäi huet de Gyökeres no fënnef Matcher ouni Golerfolleg nees getraff, dat zu Féierung an der 14. Minutt. De Rice huet virun der Paus mam 2:0 fir d'Virentscheedung gesuergt. Et ass dee 6. Match um Stéck deen d'Gunners an der Premier League gewannen.

Nottingham Forest - Manchester United 2:2
0:1 Casemiro (34'), 1:1 Gibbs-White (48'), 2:1 Savona (50'), 2:2 Diallo (81')

Manchester United léisst 2 Punkten zu Nottingham leie. Dobäi huet et laang no der grousser Iwwerraschung ausgesinn, éier de Diallo an der 81. Minutt ManUnited nach zum Ausgläich geschoss huet. An der Nospillzäit hätten d'Gäscht du souguer nach bal de Match komplett gedréint, de Knéi vum Murillo sollt Manchester awer am Wee stoen.

Tottenham Hotspur - FC Chelsea 0:1
0:1 Pedro (34')

FC Liverpool - Aston Villa 2:0
1:0 Salah (45+1'), 2:0 Gravenberch (58')

Serie A

Udinese Calcio - Atalanta Bergamo 1:0
1:0 Zaniolo (40')

Udinese Calcio gewënnt verdéngt mat 1:0 géint Atalanta Bergamo a zitt an der Tabell laanscht de Géigner vun haut. Mat 15 Punkten no 10 Spilldeeg leit Udinese elo 2 Punkte viru Bergamo virleefeg op der 8. Plaz.

SSC Neapel - Como 1907 0:0

Am Spëtzematch vun der Serie A hunn d'Spectateure keng Goler ze gesi kritt. Dobäi hat de Alvaro Morata an der 26. Minutt per Eelefmeter déi grouss Geleeënheet Como a Féierung ze schéissen. Säi Schoss ass awer vum serbeschen Nationalgolkipp Milinkovic-Savic paréiert ginn. Defensiv stoung Como immens stabil a verdéngt sech esou e Punkt beim Tabelleleader Neapel.

US Cremonese - Juventus Turin 1:2
0:1 Kostic (2'), 0:2 Cambiaso (68'), 1:2 Vardy (83')

Juventus gewënnt den 1. Match ënnert dem neiem Trainer Spalletti beim Opsteiger Cremonese. An der Schlussphase huet een nach emol kuerz missen zidderen, alles an allem war et awer eng verdéngte Victoire.

Ligue 1

PSG - OGC Nizza 1:0
1:0 Ramos (90+4')

De PSG gewënnt géint Nice mat 1:0. De Gol vum Dag huet de Ramos mat der allerleschter Aktioun markéiert. Dobäi hat de PSG eng sëlleg Chancen de Match och schonn éischter ze entscheeden, ass awer virun allem um Golkipp Diouf mei wéi eemol hänke bliwwen. Déi beschte Chance hat Nice an der 32. Minutt de Kvaratskhelia konnt fir de PSG awer op der Linn klären. En Dënschdeg spillt de PSG dann an der Champions League géint Bayern München.

AS Monaco - FC Paris 0:1 
0:1 Simon (53')

La Liga

FC Villarreal - Rayo Vallecano 4:0
1:0 Moreno (22'), 2:0 Moleiro (56'), 3:0 Comesana (58'), 4:0 Perez (65')

Villarreal huet fir de Konto vum 11. Spilldag an der La Liga och géint Rayo Vallecano näischt ubrenne gelooss a gewënnt um Enn verdéngt mat 4:0. Domat bleift Villarreal an den Top 3 vun der Tabell.

Atletico Madrid - FC Sevilla 3:0
1:0 Alvarez (64'), 2:0 Almada (77'), 3:0 Griezmann (90')

Atletico feiert eng wichteg 3:0-Victoire géint Sevilla. D'Spectateuren hu sech awer misse bis an déi zweet Hallschent gedëllegen, bis den Alvarez per Eelefmeter de bann fir Atletico gebrach huet. Sevilla huet an der Suite vum Match misse mei Risiko huelen, wat d'Lokalekipp du konnt äiskal ausnotzen. Almada a Griezmann hu fir 3:0 d'Schlussresultat gesuergt. Domat bleift een um Spëtzentrio an der Tabell drun a festegt déi 4. Plaz. Atletico ass säit 10 Matcher an der La Liga ongeschloen.

Real Madrid - FC Valencia 4:0
1:0 Mbappe (19'), 2:0 Mbappe (31'), 3:0 Bellingham (44'), 4:0 Carreras (82')