Diddeleng géint Déifferdeng als Spëtzematch an de Véierelsfinallen
© AFP (Archiv)
Bei den Häre versprécht och d'Partie Dikrech géint Standard Spannung. Bei den Dammen dierften d'Rolle kloer verdeelt sinn.
An der Hallschent vum Lännermatch Lettland géint Lëtzebuerg goufen d'Matcher an der Véierelsfinall vun der Coupe de Luxembourg gezunn.
Bei den Häre kënnt et zur Spëtzepartie HB Diddeleng géint d'Red Boys Déifferdeng. Dës Konstellatioun gouf et an der Coupe schonn eng Rei Joren net méi. Béid Ekippen hate sech am Championnat mat engem Gläichspill getrennt; dat wäert an der Coupe net méiglech sinn.
Och d'Partie Dikrech géint Standard versprécht Spannung, fir an de Final4 an der Coque anzezéien. Weider trëfft de Rekord-Coupegewënner HB Esch op de Gewënner vum Match HC Atert Réiden / HB Péiteng a Bierchem dierft géint Käerjeng an der Favoritteroll sinn.
An der Damme-Coupe dierften d'Favoritterolle kloer verdeelt sinn. De Coupegewënner Diddeleng fiert bei den HC Standard, de Champion Käerjeng muss beim Chev Dikrech aus der Promotioun untrieden an de Museldall muss sech mam HB Esch moossen. D'Red Boys Déifferdeng musse sech nach e bësse gedëllegen, bis hire Géigner feststeet. Si treffen op de Gewënner vun der Partie Réiden géint d'Entente Bieles/Péiteng.
D'Matcher sinn de Weekend vum 24. Januar 2026.
All d'Matcher am Iwwerbléck
Hären
Gewënner Réiden-Péiteng vs HB Esch
HB Diddeleng vs Red Boys Déifferdeng
HB Käerjeng vs HC Bierchem
Chev Dikrech vs HC Standard
Dammen
Chev Dikrech vs HB Käerjeng
HB Esch vs HB Museldall
HC Standard vs HB Diddeleng
Red Boys Déifferdeng vs Gewënner Réiden-Entente Bieles/Péiteng