UEFA schafft an Zukunft nach méi enk mat Europol zesummen
© AFP (Archiv)
D'UEFA huet e Mëttwoch en Accord mat Europol ënnerschriwwen, fir d'Bekämpfung vu Kriminalitéit am europäesche Futtball ze verbesseren.
Zu Nyon hunn den UEFA-President Aleksander Ceferin an d'Direktesch vun Europol Catherine De Bolle sech fir eng méi intensiv Zesummenaarbecht ausgesprach. D'Zil ass den Informatiounsaustausch bei Enquêten am europäesche Futtball, fir d'UEFA an hir 55 Federatiounen ze verbesseren. Thema war donieft och d'Sécherheet an de Stadien. Weider Punkte waren de Kampf géint Manipulatioune vu Matcher, Korruptioun, Rassismus an Aktivitéiten am Zesummenhang vun illegaler Verdeelung vun audiovisuellem Contenu.
D'UEFA an Europol wëllen duerch hir Accord verdächteg Transaktiounen am Beräich vu Spillertransferten, Investitiounen an de Veräiner oder Federatiounen, wéi och Sportwette méi konkret ënnersichen. Beispillsweis kann d'Organisatioun vu Sportsevenementer fir krimineller Zwecker gebraucht ginn, fir illegale Profit ze vertuschen a Korruptioun ze bedreiwen.
UEFA-President Aleksander Ceferin:"Als Daachverband vum europäesche Futtball schaffe mir enk mat den europäeschen Institutiounen an Autoritéiten, wéi Europol, zesummen, fir d'Integritéit, d'Glafwierdegkeet an d'Nohaltegkeet vum Sport sécher ze stellen. Duerch eise Partenariat mat Europol setze mir eis weiderhi fir d'Verbesserung vun eise koordinéierte Mesuren zur Verhënnerung a Bekämpfung vu krimineller Exploitatioun vun eisem Sport an."
Catherine De Bolle, d'Direktesch vun Europol:"De Futtball ass eng universell Saach, déi Grenzen iwwerschreit an eng kollektiv Passioun ënnert de Bevëlkerungsgruppe promovéiert. Gläichzäiteg musse mir de kriminelle Mëssbrauch vun dësem wonnerbare Sport a Betruecht zéien. Wéi all grousse gesellschaftleche Mouvement ass och de Futtball ufälleg fir eng kriminell Exploitatioun. Europol ass bereet, d'UEFA an déi jeeweileg national Federatioune beim Schutz vun der Integritéit vun dësem schéine Sport ze ënnerstëtzen."