Swift Hesper
De Salem El Foukhari ass neien Trainer
© swifthesper.lu
Nodeems virun enger Woch den Trainer Hakim Menai an de Sportdirekter Ebrahim Bouazzati entlooss gi waren, hu se um Holleschbierg en neien Trainer.
Den neie Mann op der Bänk heescht Salem El Foukhari. De 50 Joer ale Marokkaner an de Veräin hu sech op ee Kontrakt bis Enn der Saison gëeenegt, esou de Veräin an engem Communiqué. Säin éischte Match ass e Sonndeg doheem géint Munneref.
De Swift steet no 11 gespillte Partië mat 16 Punkten op der 9. Plaz an der Tabell. Vun e Mëttwoch den Owend un trainéiert den El Foukhari, deen den UEFA-A-Diplom huet, scho mat der Ekipp.
Am meeschte gelies