Anne Simon steet mat Campobasso am nächsten Tour vum EuroCup
© FIBA
En Dënschdeg a Mëttwoch waren dräi lëtzebuergesch Basketspillerinnen op europäescher Bün am Asaz.
An der Euroleague an am EuroCup stoung de fënnefte Spilldag vun der Gruppephas um Programm.
Qualifizéiert fir den nächsten Tour (KO-Matcher) ass Campobasso mam Anne Simon. D'Ekipp konnt sech doheem mat 86.59 géint Castors Braine aus der Belsch duerchsetzen an domat déi véiert Victoire feieren. D'Lëtzebuergerin konnt keng Punkte markéieren, hat dofir awer 5 Assists um perséinleche Kont an 21 Minutte Spillzäit.
Fir d'Saarlouis Royals mam Magaly Meynadier gouf et an eegener Hal eng 55:75 Defaite géint Crvena (Serbien). Domat huet Saarlouis 5 Néierlagen um Kont a kann sech net méi fir den nächsten Tour qualifizéieren. D'Lëtzebuerger Nationalspillerin stoung 21 Minutten um Terrain a konnt 3 Punkte markéieren.
Fir d'Dionne Madjo gouf et um Dënschdeg mat Flammes Carolo an der Euroleague eng knapp 73:77 Defaite an der Tierkei géint Galatasaray. Eng weider Kéier krut déi jonk Lëtzebuerger Spillerin vill Asazzäit, si stoung ronn 12 Minutten um Terrain a konnt 3 Punkte markéieren.