E Mëttwoch den Owend sollt den FCD an engem Nodrosmatch géint Rodange untrieden. D'Partie ass awer am fréien Owend ofgesot ginn.

Grond wieren technesch Problemer am Stade Municipal, sou den FC Déifferdeng 03 op de Soziale Medien.

Wéi et vun der Plaz heescht, wier e Luuchtepotto futti. Domat muss d'Partie vum 4. Spilldag eng weider Kéier verluecht ginn.