An engem Schreiwes, datt RTL virläit, huet de Jérôme Duarte dem Käerjenger Handballsveräin seng Demissioun matgedeelt.

Am Juli 2024 hat de Jérôme Duarte de Posten als President an enger fir de Käerjenger Handball finanziell schwiereger Situatioun iwwerholl. Elo, knapp annerhalleft Joer méi spéit, huet hien dem Veräin an engem Schreiwes seng Demissioun matgedeelt.
 
Wéi de President sortant schreift, huet hien dëse Schratt ënnerholl, well hien d'Impressioun huet, datt hien net méi d'Confiance vun der Majoritéit vun de Membere vum Comité huet. Weider ass et d'Kritik, datt de Projet fir déi jonk Spiller, deen fir d'Joren 2025 bis 2028 vum Käerjenger Handball opgestallt gouf, a sengen Aen net respektéiert gouf, wat seng Missioun, fir am Sënn vum Veräin ze schaffen, méi komplizéiert mécht.
 
Trotz den aktuellen Divergenze wäert de Jérôme Duarte weider de Valeure vum Club a der wichteger Roll an der Formatioun a Promotioun vum Lëtzebuerger Handball, deen den HBK iwwerhëlt,  trei bleiwen, heescht et weider.