D'Turnéier am Groussherzogtum huet international eng gutt Renommée an zitt eng Rei Weltklass-Bouschéisser un.

Knapp 450 Bouschéisser aus aller Welt haten de Wee op d’GT Open fonnt. Nieft Lausanne, Nimes, Taipeh, Rio de Janeiro, Mexiko a Las Vegas gehéiert Stroossen zu engem vu siwe feste Rendez-vousen an der Indoor World Series. Dat zitt och Weltklass-Bouschéisser aus den USA, Indien oder Südkorea un. De Stroossener Veräin ass deen eenzege Veräin, deen esou en Turnéier organiséieren dierf an och als Virbild fir all anert Turnéier gëllt.

Virun allem am Compound, der Hightech-Versioun vum traditionelle Bouschéissen, war d’Weltelite mat um Rendez-vous. Dat mat ënner anerem dem Dän Mathias Fullerton, der aktueller Nummer 1 bei den Hären. Mee och d'Nummer 2 op der Welt an Outdoor-Weltmeeschter, de Fransous Nicolas Girard, hat de Wee op Lëtzebuerg fonnt. Him sollt an der Qualifikatioun de perfekte Score vu 600 Punkte geléngen.             
 
Aus Lëtzebuerger Siicht war mam Gilles Seywert eis Nummer 1 am Compound mat um Depart an hie konnt sech mat 590 Punkten als 26. qualifizéieren. An de 1/16-Finalle war dunn awer Endstatioun.
 
Dass de Compound 2028 zu Los Angeles eng éischte Kéier dann och olympesch wäert sinn, freet de Lëtzebuerger natierlech. An der Qualifikatioun dofir sollen och d'Nowuesstalenter Lea Tonus a Kenza Pop eng Roll spillen. Si koumen an der Kategorie U21 Dammen um Enn op déi zweet an drëtt Plaz, hannert der Hollännerin Fenna Stallen.

Am Recurve, der traditioneller Versioun vum Bouschéissen, war virun allem bei den Dammen d’Weltspëtzt mat dobäi. Dat mat der US-Amerikanerin Casey Kaufhold, déi schonns viru siwe Joer Juniorinne- Weltrekord zu Stroossen geschoss hat. Aus Lëtzebuerger Siicht hat ee souwuel bei den Damme wéi och bei den Häre just knapps d'1/16-Finalle verpasst.

Am Recurve vun den Damme sollt d'Elia Canales virun der Südkoeranerin Duna Lim an der Fleur Van de Ven aus Holland gewannen. Bei den iwwer 50-järegen Dammen huet mam Carmen Beaudeux eng Lëtzebuergerin gewonnen. Si hat 558 Punkte geschoss an domat däitlech méi wéi d'Emmanuelle Belair (493) an d'Annette Lohr (491). Bei den Häre goung d'Victoire un den Israeeli Roy Dror virun den zwee Hollänner Willem Bakker a Rick Van der Ven.

Am Compound bei den Hären huet den Inder Kushal Dalal déi meescht Punkte geschoss a gewënnt virum Amerikaner Stephan Hansen an dem Dän Mathias Fullerton. Bei den Damme bestoung de Podium aus der Brittin Ella Gbson, der Italieenerin Elisa Roner an der Franséisin Sophie Dodémont.