ATP-Finals am Tennis
Jannik Sinner verdeedegt säin Titel
© AFP
Den Italieener setzt sech an der Finall virun 12.000 Spectateuere géint säi gréisste Konkurrent Carlos Alcaraz duerch.
Bei den ATP-Finals zu Turin huet sech e Sonndeg den Owend de Jannik Sinner an der Finall virun eegenem Public no 2 Stonnen a 15 Minutte mat 7:6 (7:4) a 7:5 géint de Spuenier Carlos Alcaraz duerchgesat.
Domat ass de Jannik Sinner säit mëttlerweil 31 Matcher um Stéck an der Hal ongeschloen. Et ass dem Südtirouler säi 6. ATP-Titel an dësem Joer. Nummer 1 op der Welt bleift awer de Carlos Alcarez.
Am meeschte gelies