Red Boys mat héijer Hypothéik, HBD mat gudder Ausgangslag
© AFP (Archiv)
Déifferdeng muss am Retourmatch 6 Goler géint Nilüfer ophuelen. Diddeleng par conter huet bei just 2 Goler Differenz nach gutt Chancen op d'Weiderkommen.
Nodeems sech Bierchem e Samschdeg knapp 25:27 zu Brno an Tschechien huet musse geschloe ginn, gouf et e Sonndeg zwou weider Néierlage fir d'lëtzebuergesch Vertrieder. D'Red Boys Déifferdeng verléiere kloer 29:35 bei Nilüfer BSK an den HB Diddeleng zitt mat 27:29 de Kierzere géint HC Izvidac.
Nilüfer BSK - Red Boys Déifferdeng
Am Virfeld vum Match hat den Déifferdenger Trainer Marc Breser d'Favoritteroll un Nilüfer BSK ofginn - an där Roll sollten d'Tierke virun allem am zweeten Duerchgang gerecht ginn. Den 29:35 war fir d'Red Boys déi éischt Néierlag an dëser Saison - bis dato hate si all hir Partien, souwuel national wéi international, entweeder gewonnen oder gläichgespillt.
Déifferdeng wosst, dass et eng schwiereg Aufgab géint den tierkesche Vizemeeschter a Supercup-Gewënner géif. Déi éischt Hallschent war immens serréiert an et gouf sech näischt geschenkt. Mol louch Nilüfer vir, mol war Déifferdeng am Lead. Beim Gang an d'Kabinne louch d'Red Boys 15:14 vir. Et sollt awer déi lescht Féierung vum lëtzebuergesche Vertrieder sinn.
Nilüfer, dat mat der Ilkunur Kurtulus zënter Juli 2025 eng Fra als Chefcoach un der Säitelinn huet, huet mat engem 3:1-Laf d'Féierung iwwerholl a se ab der 35. Minutt net méi ofginn. An den nächsten 10 Minutte sollt den Ecart tëscht béiden Ekippen ëmmer bei 3 Goler leien. D'Tierken, fir déi et déi éischt Participatioun zënter 10 Joer op europäeschem Niveau ass, hu sech wuel eng Rei Zäitstrofe gefaangen, Déifferdeng konnt dëse Méi u Plaz awer net fir en Ausgläich notzen. Tëscht der 45. a 52. Minutt ass de Red Boys kee Gol gelongen an Nilüfer konnt aus engem 25:22 en 29:22 maachen - dat war d'Virentscheedung. Den Daniel Tako war mat 9 Goler den treffsécherste Spiller op Déifferdenger Säit, mee och den Ilian Goedert an de Lucas Meyffret hu jee 5 Goler bäigesteiert.
D'Red Boys muss sech am Retourmatch nächste Samschdeg zu Uewerkuer kräfteg strecken, fir d'Hypothéik vu 6 Goler nach ze meeschteren.
HC Izvidac - HB Diddeleng
Fir den HB Diddeleng war et schonn de fënnefte Match am dësjärege European Cup. No Skopje a Rahoveci stoung mam HC Izvidac awer e ganz anere Kaliber un. D'Bosnier waren d'lescht Saison an der Halleffinall vun AEK Athen eliminéiert ginn. Ausserdeem war Izvidac an der Saison 2023/24 an der Gruppephas vun der European League dobäi an huet géint Füchse Berlin, Dinamo Bukarest a Chambery gespillt.
De Start an de Match war fir Diddeleng net esou gutt. No 9 Minutte louch ee schonn 3:7 hannen, mee dat huet d'Ekipp vum Trainer Dusko Bilanovic net aus dem Konzept bruecht. Etute, Hippert a Co hate sech an der 21. Minutt bis op ee Gol erugeschafft (10:11), fir dann awer mat engem 12:16 an d'Kabinnen ze goen.
Izvidac wollt nom Säitewiessel de Sak séier zoumaachen a war beim 19:13 no 37 Spillminutten um beschte Wee. D'Etute-Bridder an de Labonté hunn an dëser Phas Verantwortung iwwerholl a wichteg Goler fir Diddeleng markéiert. Sou konnt den HBD duerch en 11:5-Laf an der 52. Minutt ausgläichen. Mat 27:27 goung et an déi lescht Spillminutt, wou dem bosnesche Champion aus de leschte 4 Joer nach zwee Goler gelonge sinn. Den Ojié (8) an Itua Etute (7) hunn zesumme mam Loris Labonté (7) 22 vun de 27 Diddelenger Goler markéiert.
Diddeleng weess spéitstens zënter dem Last-Second-Weiderkommen am éischten Tour géint Skopje, wéi et ass, bis zum Schluss ze kämpfen an drun ze gleewen. Si hunn nächste Sonndeg an eegener Hal d'Chance, den Halleffinalist vun der leschter Saison aus der Kompetitioun ze geheien.