Fir Fluessweiler gëtt d'Qualifikatioun fir d'Playoffs no der Néierlag géint Berbuerg schwéier. Lëntgen huet sech dogéint fir d'Playoffs qualifizéiert.

Hueschtert-Folscht klappt Lénger am Spëtzematch 6:4 a bleift als eenzeg Ekipp an dëser Saison ouni Punktverloscht. Mat 5:3 goung et an d'Dubbelmatcher, wou béid Ekippe jeeweils ee Punkt kruten. Hueschtert-Folscht iwwerhëlt no dëser Victoire Lénger och an der Tabell.

De Vizechampion Berbuerg ass 6:4 op Fluessweiler wanne gaangen, dat onbedéngt eng Victoire gebraucht hat, fir sech nach Hoffnungen op d'Playoffs ze maachen. Deem sollt um Enn awer net esou sinn, och wann et zweemol ganz knapp net fir e Punktgewënn duergaangen ass.

De Match Esch géint Lëntgen stoung ganz am Zeeche vum Playoff. Och Esch huet musse wannen, fir nach an de Playoff ze kommen. No véier Matcher stoung et 2:2 a Lëntgen konnt duerch Gaëtan Schwartenbroucks an de Robin Saudemont déi zwee Spëtzematcher gewannen, wat eng Virentscheedung war. Um Enn war déi gewielt Opstellung vu Lëntgen en ausschlaggeebende Punkt fir d'Victoire. Esch huet elo och rechneresch keng Chancë méi op de Playoff.

Mat Iechternach a Lenneng sinn déi zwou lescht Ekippen an der Tabell openeegetraff; mam besseren Ausgang fir Iechternach. D'Ekipp aus der Wilibrord-Stad gewënnt 6:3 un der Musel a feiert déi éischt Victoire an dëser Saison. Déi lescht Plaz ass elo fir Lenneng.

Scho virun dräi Wochen hat sech den DT Recken mat 6:2 géint den Houwald duerchgesat.

D'Resultater am Iwwerbléck