Laura Correia an Alex Knaff nei Championen
Et war déi 10. Editioun vun den FLT Masters an dëser Konstellatioun. D'Matcher goufen am nationalen Tenniszenter zu Esch-Uelzecht ausgedroen.
Déi éischt Editioun vun dësem Turnéier war 2015. Dëst Joer war et awer eréischt déi 10. Editioun, well 2020 wéinst der Coronapandemie kee Championnat ausgespillt gi war.
An enger enker Dammefinall huet sech d'Laura Correia vum TC Péiteng mat 6:4 a 6:4 géint d'Lucie Rabiot vun der Spora duerchgesat. D'Rabiot konnt wuel all Saz mat engem Break ufänken, mee d'Correia konnt a béide Sätz zeréckschloen an hirer Géignerin trotz Opschlag de Punkt ofhuelen. A béide Sätz konnt déi 29 Joer al Correia am leschte Jeu e weidere Break setzen a béid Sätz domat fir sech entscheeden. D'Lucie Rabiot muss sech dohier op d'mannst nach e weidert Joer op hiren zweete Succès no 2023 gedëllegen. Fir d'Correia ass et den éischten Titel.
Bei den Hären huet sech mam Alex Knaff de Favorit duerchgesat. De beim TC Schëffleng lizenzéierte Spiller de Raphael Calzi an zwee Sätz geklappt.
Am éischte Saz hate béid Spiller Problemer, fir hire Service duerchzebréngen - et goufen net manner wéi fënnef Breaken. De Knaff hat mat dräi Breaken d'Chance méi op senger Säit a konnt de Saz 6:3 fir sech entscheeden. No enger séierer 3:0-Féierung am zweete Saz war den Ausgang sou gutt wéi kloer an um Enn gewënnt de Knaff mat 6:2. Fir hie war et och säin éischten Titel.
D'Eleonora Molinaro an de Gilles Kremer bleiwe mat jee fënnef Titelen am Eenzel Rekordgewënner vun den FLT Masters. Am Dubbel huet sech d'Molinaro véier Mol an de Palmarès agedroen an de Kremer deelt sech mam Charles Berna d'Spëtzeplaz mat jee dräi Titelen.