No der Demissioun vum Jérôme Duarte huet den Handballveräin vu Käerjeng eestëmmeg eng nei Presidentin als Tëscheléisung gestëmmt.

Virun zwou Wochen hat de Jérôme Duarte als President vum HB Käerjeng demissionéiert. En Dënschdeg huet de Veräin an engem Communiqué elo matgedeelt, datt eestëmmeg fir déi technesch Sekretärin Maryse Karier als nei Interimspresidentin gestëmmt gouf. De Marcel Kirtz bleift donieft weider Vizepresident a Caissier. Och déi aner Membere vum Comité bleiwen an hire gewinnte Funktiounen aktiv.

D'Demissioun vum fréiere President Jérôme Duarte beschreift den HB Käerjeng am Schreiwes als "bedauerlech". Wéinst Meenungsdifferenzen iwwert d'Roll vum President wier eng Zesummenaarbecht an där Form net méi weider méiglech gewiescht.