De Claudio Nunes Dos Santos konnt sech an der Kategorie bis -81 Kilo duerchsetzen. Fir d'Carla Tavares Fernandes gouf et an der Kategorie -52 Kilo Bronze.

Déi Lëtzebuerger Judo Federatioun gouf e Sonndeg op den African Open zu Yaounde am Kamerun vun zwee Sportzaldote vertrueden. Souwuel de Claudio Nunes Dos Santos wéi och d'Carla Tavares Fernandes stoungen um Enn um Podium.

Den Athlet vum Judo & Jiu - Jitsu Club Déifferdeng huet an der Kategorie ënner 81 Kilo 4 Kämpf gewonnen, dorënner och ee géint d'Nummer 67 op der Welt. De 26 Joer jonke Lëtzebuerger huet domadder seng éischt Goldmedail op engem Continental Open gewonnen. Gläichzäiteg ass hien den éischte männleche Judoka aus dem Grand-Duché zanter dem Igor Muller am Joer 1995, deen eng Goldmedail gewanne konnt. Déi lescht Lëtzebuerger Goldmedail bei den Dammen hat d'Lynn Mossong 2014 gewonnen.

Och d'Carla Tavares Fernandes kann op ee staarke Weekend zeréckkucken. D'Athletin vum Judo Club Beefort-Iechternach konnt sech am Kampf ëm Plaz 3 hir alleréischt Medail op engem Continental Open sécheren. Donieft koum Lëtzebuerg um Tournoi zu Yaounde am Kamerun an der Natiounewäertung op Plaz 5 vun 20.