Et wäert kee vun dëse Spiller de Club verloossen, bis op de Gary Pleimling, dee fir ee Joer vun Hesper ausgeléint war.

Hie geet bei säi Stammveräin zréck.

De weidere Communiqué vu BBC Bascharage Hedgehogs:
Desweidere stéisst de Steven Mersch bei d’Hedgehogs, deen déi lescht 2 Saisonen zu Mondorf gespillt huet a sech do gutt entwéckelt huet. De Steven, deen schonn zu Bartreng an der Jugend ënnert dem Christophe Flammang trainéiert huet, ass ganz villsäiteg asetzbar an ass deemno eng grouss Verstäerkung. Ausserdeem kritt de Club Verstäerkung vum Max Flies, dee  bei zweeter Equipe vun der Sparta gespillt huet.

Den éischte vun zwee professionelle Spiller ass och scho fonnt. Et handelt sech ëm den Augie Johnston, deen an der leschter Saison zu Cuxhaven an der däitscher Pro A gespillt huet. Do virdrun huet hien zu Rist-Wedel an der däitscher Pro B gespillt, wou hien och Kapitän vum Team war. Den Augie ass e Guard, deen op de Positiounen 1-2 asetzbar ass. De 27-jähregen Amerikaner aus Kalifornien zeechent sech duerch seng grouss Schossstäerkt an säi Leadership aus.
De Club ass nach am gaange mam Scouting vum zweete professionelle Spiller, deen eng staark Präsenz op der Positiounen 4 a 5 soll hunn.

Den Headcoach Christophe Flammang, dee schonns am Mäerz fir eng weider Saison zougesot hat, gëtt vum Dimitri Jorssen als Assistantcoach ënnerstëtzt. Den Dimitri wäert och am Individualtraining vun den Hedgehogs aktiv sinn.      
Zudem ass de Club frou de Kevin Magdowski am Trainerstaff ze begréissen. Hien ass als professionelle Jugendkoordinator a Jugendtrainer engagéiert a wäert enk mam gesamten Trainerstaff zesumme schaffen.