Volleyball-Hären hu Sportgeschicht geschriwwen
Nach ni ass enger Equipe dat gelongen, wat d'Volleyball-Häre gepackt hunn: Si hu bei de Spiller vun de klenge Länner a bei der EM Gold geholl.
Am Volleyball huet d'Lëtzebuerger Hären Nationalequipe an de leschten zwou Wochen Geschicht geschriwwen.
Nach nie ass et der Equipe gelongen Gold op de Spiller vun de klenge Länner ze wannen an dann gëschter nach déi éischte Plaz op der EM vun de klenge Länner ze sécheren.
Den Oflaf vum Match
Nodeems d'Rout Léiwen net gutt an de Match komm sinn an den éischte Saz praktesch déi ganzen Zäit hanne loungen, konnten si um Enn de Saz awer nach mat 25:23 fir sech entscheeden a sinn mat 1:0 a Féierung gaang.
Am zweete Saz hunn d'Lëtzebuerger awer net méi bis zum Schluss vum Saz gewaart bis se ugefaangen hu mat spillen mä hunn direkt de Schotten gewisen dat si wäerten dëse Saz gewannen. Et war eng kleng Demonstratioun déi d'Lëtzebuerger deelweis gewisen hunn. Ouni eemol a Gefor ze kommen, hu si dëse Saz dunn och kloer mat 25:16 fir sech entscheed.
Am drëtte Saz dunn dat nämlecht Bild. Spiller ronderëm de Ralf Lentz hunn dem Match hire Stempel opgedréckt an gewannen kloer mat 25 op 16 .
FOTOGALERIE: D'Andréck vum Roland Miny op pressphoto.rtl.lu.
No dëser Victoire huet Lëtzebuerg Europameeschterschaft vun de klenge Länner gewonnen.
Et ass de gréissten Erfolleg an der Geschicht vum Lëtzebuerger Volleyball. An engem Mount 2 Goldmedailen. Déi leschte Kéier, wou Lëtzebuerg dës Kompetitioun gewonnen huet, ass 27 Joer hir. An de leschten 11 Lännermatcher gouf just een géint den Euroleague-Participant Dänemark 2:3 verluer. De Kamil Rychlicki gouf mat 18 Joer zum beschten Attaquant an MVP vum Tournoi gewielt. De Ralf Lentz ass a sengem leschte Match an 127. Selektioun als beschte Blocker ausgezeechent ginn. Als reng Amateursequipe hunn d'Lëtzebuerger géint 2 Equippe mat méi Profispiller gewonnen.