Volleyball
Verstäerkungen an en neien Trainer beim Escher Volleyball

Den Escher Volleyball Club huet sech mat enger ganzer Rei neien Spiller fir nächst Saison verstäerkt, dorënner 2 aktuell Nationalspiller.
Et sinn dat den Arnaud Maroldt (Bartreng) an de František Vosáhlo (Stroossen), déi zréck an d'Minettmetropole kommen. Derbäi kommen nach de fréieren Nationalspiller Pol Christophory vu Luerenzweiler, de Max Majerus (Dikrech), de Gil Nizard (Luerenzweiler), de Maurive Van Landeghem (Stroossen) an de Sam Wirtz (Fenteng).
Neien Trainer gëtt de Laurent Van Elslande vu Luerenzweiler. D'Ziel vum Escher Volleyball Club muss den direkten Opstig an d'Nationaldivisioun sinn.
Am meeschte gelies