Um Samschdeg war den 1. Spilldag an der Novotel-Ligue an den Optakt vun der Volleyball-Saison.

An der éischter Partie vun der neier Saison konnt sech de VC Luerenzweiler géint de VC Péiteng mat 3:0 (25-19, 25-12, 25-13) an de Sätz behaapten.

Dikrech verléiert géint Stroossen mat 1:3 (25-27, 19-25, 25-20, 16-25) an Walfer klappt Fenteng mat 3:1 (25-20, 23-25, 25-19, 25-19)

Damme-Volleyball

Och bei den Damme war um Samschdeg den Optakt vun der neier Saison am Volleyball-Championnat.

Am ganze stounge 4 Partien um Programm.

An der éischter Partie vum Owend konnt sech Dikrech mat 3:0 (25-13, 26-24, 25-18) géint Stroossen behaapten.

GYM Volley war op Péiteng getraff a konnt d'Partie mat 3:1 (25-22, 26-24, 13-25, 28-26) fir sech entscheeden.

Walfer hat keng Problemer fir sech géint Fenteng duerchzesetzen a wënnt souverän mat 3:0 ( 25-10, 25-8, 25-1).

An der leschter Partie vum Owend wënnt Stengefort mat 3:1 (23-25, 25-18, 25-23, 25-18) géint Mamer.