Luerentzweiler wënnt Krimi

Fir den Ofschloss vum zweete Spilldag gi Luerentzweiler a Fenteng iwwert déi voll Distanz.
Walfer wënnt ganz kloer mat 3:0 (25-6, 25-5,25-14) an de Sätz géint de VC Belair. D'Hären vu Stroossen konnte sech mat 3:0 (25-21, 25-14, 25-17) géint Bartreng duerchsetzen. Dikrech wënnt och mat 3:0 (25-15, 25-11, 25-17) géint Péiteng.
Fir den Ofschloss vum zweete Spilldag setzt sech Luerentzweiler an enger ganz serréierter Partie mat 3:2 (28:30, 19:25, 27:25, 27:25, 15:10) zu Fenteng duerch.
D'Damme vu Walfer wanne mat 3:0 (25-19, 25-16, 25-12) géint Stengefort. Och Mamer konnt sech mat 3:0 (25-18, 25-21, 25-19) géint Stroossen duerchsetzen.
Méi enk war an der Partie tëscht Péiteng an Dikrech wou d'Damme vun Dikrech no engem 0:2 Réckstand de Match nach konnten dréinen a schlussendlech mat 3:2 (23-25, 23-25, 25-22, 25-22, 15-8) fir sech decidéieren. Um Sonndeg gëtt et eng kloer 3:0-Victoire vun der Gym zu Fenteng.