Europäeschen Volleyballverband
Lëtzebuerger André Meyer als President ofgeléist

No 14 Joer Presidence gouf de Lëtzebuerger André Meyer um Kongress vum Europäeschen Volleyballverband zu Sofia vum Serb Alexander Boricic ofgeléist.
Den André Meyer war sengem Vize-President vu bis elo bei der Wahl mat 21 op 31 Stëmmen ënnerleeën. Hie bleift fir ee weidert Joer Vize-President vum Volleyball-Weltverband, dem FIVB.
Den Europäesche Volleyballverband ass iwwregens hei zu Lëtzebuerg.
Am meeschte gelies