An der éischter däitscher Volleyball Bundesliga huet d’Equipe vum Annalena Mach déi zweet Defaite hannerteneen mussen notéieren.

Beim Vizechampion Stuttgart verléiert de VC Wiesbaden e Mëttwoch den Owend mat 0:3. D‘Lëtzebuergerin koum virun allem am drëtte Set an den Asaz a konnt dobäi 5 Punkte fir hir Equipe markéieren.