No 14 Joer un der Spëtzt vun der Volleyballfederatioun gouf de Lëtzebuerger elo vum Posten als President ofgewielt.

Zanter dem leschte Weekend ass gewosst, dass dem André Meyer net méi President vun der europäescher Volleyball Federatioun ass. Hie gouf um Kongress zu Sofia a Bulgarien net méi zeréck gewielt.

AUDIO: André Meyer net méi President / Reportage Rich Simon

No der Wiel hat den André Meyer 21 Stëmmen. Säi Géigner, den Aleksandar Boricic hat den 31. De Serb war Vize-President ënnert dem André Meyer. D'Haaptdivergenzen haten déi zwee Kandidaten, wou et ëm de Kalenner gaangen ass. De Kalenner ass dem André Meyer no iwwerlueden an do beschwéiere sech och vill Spiller doriwwer. Donieft gouf et ëmmer nees d'Fuerderung, fir en direkte Qualifikatiounsmodus, sou wéi et am Basket fir Olympia oder am Handball fir d'WM de Fall ass.

Dem André Meyer war et ze verdanken, dass de Sëtzt vum europäeschen Volleyball Verband op Lëtzebuerg komm ass. Dat soll an Zukunft och esou bleiwen. An de Gespréicher mam Aleksander Boricic ass zu kengem Moment gesot ginn, datt en nei Siège soll kommen. Au Contraire huet hien ëmmer nees gesot, datt de Sëtzt sollt bleiwen. Dat et awer e puer personell Changementer kéint ginn, ass net auszeschléissen.

Den André Meyer war nieft senger Funktioun als President vum europäesche Volleyball-Verband och nach Vize-President vum Weltverband. Dat wëll hien op d'mannst mol nach fir 1 Joer bleiwen. Fir dono huet hien nach eng Offer vum Weltverband, déi hie sech nach wëll iwwerleeën. De Volleyball ass fir hien net verluer, mä den André Meyer wëll sech nei arrangéieren.

Den André Meyer stoung 14 Joer un der Spëtzt vun der europäescher Volleyball Federatioun.