An der éischter däitscher Bundesliga am Dammevolleyball huet de VC Wiesbaden, fir deen d'Annalena Mach spillt, seng éischt Victoire gefeiert.

D'Hesse gewannen doheem 3:0 géint Thüringen.

An der héchster franséischer Divisioun huet sech de Verain vum Chris Zuidberg, Tours Volley, misse mat 1:3 géint Chaumont geschloe ginn.

Béid Lëtzebuerger koume bäi hire respektive Veräiner um Samschdeg net an den Asaz.