Wou ass Projet National Beachvolleyball-Hal drun?

Zanter 5 Joer, hänkt elo déi national Beachvolleyball-Hal zu Esch an der Schief, an et gesäit net esou aus, wéi wann muer géif ugefaange gi mat baggeren.
2010 war de Projet vun der nationaler Beachvolleyball-Hal schonn am Bugdet vun Esch virgesinn. Bei der nationaler Beachvolleyball-Hal ass ee vun engem Käschtepunkt vun 8 Milliounen Euro ausgaangen. De Staat géif dobäi 5,6 Milliounen iwwerhuelen.
Déi lescht 5 Joer ass elo bei deem Projet net méi vill geschitt.
"Et ass net ënner de prioritäre Projete vun der Gemeng, well och wann de Staat 70% subventionéiert, muss Esch nach ëmmer déi aner 30% subventionéieren. Well den Ament awer op anere Plaze vill méi pressant Besoine waren ass deen dote Projet fir deen Deel Beachvolleyball-Infrastrukur zeréckgestallt ginn.", esou den Henri Hinterscheid, Sportschäffen an der Minettemetropole.
Zu Esch sinn effektiv eng Rei Sportinfrastrukturen an engem deplorabelen Zoustand, respektiv feele ganz einfach fir de lokale Besoin.
De Projet sollt awer net just eng Beachvolleyball-Hal sinn, mä och z.B. eng Fecht-Hal.
Vun der Säit vum Staat, waren d'Suen am 9. 5-Joeresplang virgesinn. Virun enger hallwer Dose Joeren, hat de Projet ronderëm d'national Beachvolleyball-Hal zu Esch, och villverspriechend ugefaangen.
An de politesche Couloiren ass ze héieren, datt d'Majoritéit zu Esch déi national Beachvolleyball-Hal net méi wëll bauen, well een de lokalen Notzen net géif gesinn. D'Fro stellt sech awer, wisou déi Lokal Politiker nach net drop komm sinn, datt ganz Esch vun där nationaler Hal kéint profitéieren, z.B. mat den 347 d'Grondschoulklassen, de 4 Lycéeën, plus neierdéngs och der Uni. Well nieft Beachvolleyball, kéint dagsiwwer och nach Beachhandball, Beachtennis oder Beachsoccer dra gespillt ginn.