Um Sonndeg ass de Recht vum 5. Spilldag an der Novotel Ligue gespillt ginn.

Am Dammechampionnat ënnermauert Walfer weider seng dominant Leaderpositioun a feiert am fënnefte Match dee fënnefte Succès. Nom däitlechen 3:0 géint den Tabellenzweete Gym waarden déi Walfer Meedercher och nach ëmmer op deen éischte Sazverloscht an dëser Saison.

Ënnenof an der Tabell setzt sech Stroossen an enger ganz enker Partie mat 3:2  géint Fenteng duerch.

Péiteng wënnt um Sonndeg ouni gréisser Schwieregkeete mat 3:0 géint Steinfort.

Ganz Enk war et och tëscht Mamer a Dikrech. Mamer war 0:2 hannen huet et awer fäerdegbruecht d'Partie ze dréinen a wënnt mat 3:2.  
Bei den Hären setzt sech Stroossen ouni Problemer géint Fenteng duerch. Bei der 3:0-Victoire konnten d'Gäscht et just am drëtte Saz spannend maachen.

Um Sonndeg konnt de Belair mat 3:0 géint Péiteng wannen. Walfer gewënnt mam selwechte Resultat géint Luerenzweiler.

Am leschten Match vum Owend setzt sech och Dikrech mat 3:0 géint Bartreng duerch.