An der franséischer Ligue A verléiert de Chris Zuidberg mat sengem Veräin Tours auswäerts 2:3 géint Sète.

An der éischter däitscher Bundesliga am Dammevolleyball setzt sech de VC Wiesbaden mat 3:0 géint de VC Olympia Berlin duerch. D'Annalena Mach koum am drëtte Saz an den Asaz.