Walfer trëfft op Innsbruck am Challenge Cup

D'Dammen vu Walfer an engem Match géint Mamer. / © Marc Burelbach / RTL Archiv
Grousse Rendez-vous um Dënschdeg den Owend op der europäescher Volleyball-Bühn fir d'Dammen vu Walfer.
Den Doublégewënner spillt en Dënschdeg um 19 Auer den Allermatch am Challenge Cup bei sech doheem am Centre Sportif Prince Henri géint Teamgeist Volley Innsbruck aus Éisträich. Bei der Residence freet ee sech op dës Renconter, och wann ee Pilier vun der eegener Equipe net dobäi kann sinn.
An dat ass d'Nathalie Braas, déi virun engem Mount um Knéi mat de Kräizbänner operéiert gouf a fir d'Spillerin ass et ganz batter, fir elo ee Joer musse Paus ze maachen an net ka spillen. Och déi ganz Réa ronderëm ass vill Aarbecht.
D'Walfer Spillerin ass awer esouvill wéi méiglech un der Säit vun der Equipe. Den Owend geet et am Challenge Cup elo géint d'Éisterräicherinne vun Innsbruck. Et huet ee Video vun der Equipe kritt a verschidde Spillerinnen sinn och net onbekannt, well si fir d'Nationalequipe vu Lichtenstein spillen. D'Equipe soll och 4 blesséiert Spillerinnen hunn an dowéinst net komplett op Lëtzebuerg kommen. Wa Walfer e gudden Dag huet, sou d'Nathalie Braas, misst et dra sinn, fir deen een oder anere Saz ze wannen.
De ganze Veräin freet sech natierlech ëmmer op des internationale Optrëtter, fir si ass et den Highlight vun enger Saison. Dofir mécht de Club och villes, fir datt vill Leit déi Matcher kucke kommen.
D'Lëtzebuerger Volleyballnationalspillerin kann am Moment net iwwert de Saisonverlaf vun Walfer kloen, well ee bis elo nach all Match mat 3-0 gewanne konnt.
Déi Responsabel vun der Residence hu bestëmmt nees esou vill Leit mobiliséiert, datt et en Dënschdeg den Owend zu Walfer an der Hal eng richteg gutt Ambiance géint d'Equipe vun Innsbruck gëtt.
De Match kënnt dir och den Owend am Livestream op RTL.lu gesinn.